The world on a map – Emweltkadaster fir Gemengen
Méiglechkeeten a Potentialer vu kommunalen Emweltkadaster
Kadaster si villsäiteg asetzbar a erginn e realt Bild vun der Situatioun, dat et erméiglecht en Iwerbléck ze kréie, wann een e neie Projet plangt, virun allem wann ee verschidde Kadaster matenee verbënnt. Si hëllefe Gemenge, Bauherren a Privatlait bei der Entscheedungsfindung an den ennerschiddlechste Planungsberäicher, vum Energiespuere bis hin zum Naturschutz. Energiekadaster sin dobäi déi neitst Entwécklung. Déi bekannst heivunner sinn d’Solarkadaster, déi opweise, wéi grouß d’Potential ass, fir op den Diecher vun de Gebaier PV-Anlagen, resp. Solarthermie-Anlagen opzeriichten. Mee donierwt, gett et nach aner Kataster, wéi z.B. d‘Thermographie, déi de Wärmeverloscht vun de Gebaier opweist oder de Wandkatatser, deen d’Méiglechkeete fir Wandstroum duerstellt.
D‘Infoveranstaltung „The world on a map – Emweltkadaster fir Gemengen“ probéiert en Iwwerbléck ze ginn, wéieng Kataster et iwwerhaapt op kommunalem Niveau gett, wéi een se am beschten opstellt an zu wat se gutt sinn! De Fokus läit dobäi op den Energiekataster. Verschidden Témoignage vu realen oder geplangte Projet‘en aus de Gemengen ginn a flotten Abléck an dës Thématik.
PROGRAMM:
09h30 : Aleedung (Julien Bertucci – Directeur COCERT S.A.)
09h40 : Kadaster a geografesch Informtiounssystemer (Sascha Rohner – Coordinateur de service LUXPLAN S.A.)
10h00 : Kadaster/GIS als Planungshëllef fir d’Stad Lëtzebuerg (Germain Breger – ingénieur directeur adjoint, direction du géomètre, VdL)
10h30 : Solarkataster Beetebuerg (Caroline Calmes – conseillère écologique AC BETTEMBOURG)
10h50 : Beliichtung vum ëffentleche Raum vun der Gemeng Suessem (Fernand Heischbourg – responsable du service projets AC SANEM)
11h10 : Wandkataster (Julien Bertucci – Directeur COCERT S.A.)
11h30 : GIS-baséiert Entscheedungssystemer zur Abezéiung vu Katasteren an di intégréiert Stadplanung (Ulrich Leopold – LIST)
12h00 : Schluss
Participatiounskäschten:
50 €/Persoun (Normaletarif)
35 €/Persoun (ab 2 Participant‘e pro Gemeng/Institutioun)
25 €/Persoun (fir EBL-Memberen)
D’Viirträg zu dësem Seminar fannt Dir an der Download-Sektioun vun eisem Site!