Energiespueren a Gebaier I
Ëffentlech Verwaltungen als Energiespuermotor
De Cours „Energiespueren a Gebaier I – Ëffentlech Verwaltungen als Energiespuermotor“ soll allen Interesséierten d’Méiglechkeeten opweise, fir an ëffentleche Gebaier Energie ze spueren. Nierwt e puer Grondlagen zum Thema Energie (Verbrauchswerter, Käschten, Emweltimpakt, Monitoring a.s.w.) gi virun allem di technesch (Beliichtung, elektresch Geräter, Lüftungs- a Klimaanlagen, Hëtztechnik, a.s.w.) a menschlech Mesuren (Verhaalensännerung) ënnert d’Lupe geholl. De Séminaire viséiert virun allem Conciergen a Lait ouni grouß energietechnesch Virkenntnisser.
OPGEPASST: Umeldung ausschließlech iwwer den INAP méiglech
Programm
Deel 1: Grondlagen Energie
- Wat ass Energie?
- Wee verbraucht wéivill dovunner?
- Ëffentlech Verwaltungen an Energiespueren?
- Energieverbrauch
- Käschtekennwäerter
- Energiemonitoring
Deel 2: Technesch Mesuren
- Stroum: Beliichtung, elektresch Geräter, Lüftungs- und Klimaanlagen
- Wärmt: Hëtztechnik
Deel 3: „Menschlech“ Mesuren
- De Faktor Mensch
- Energiespueren duerch Verhaalensännerung
- „Dru bleiwen“ – Energiespueren däerf keng Dagesméck bleiwen
Participatiounskäschten:
gratis fir all Gemengenemployé(e) a -beamten