Bestellt elo Är personaliséiert Planzestiechkaarten mam Logo vun der Gemeng – dat perfekt Kommunikatiounsmëttel fir d’Awunner an Ärer Gemeng iwwert d’Thematik vun engem «Gaart ouni Pestiziden» ze informéieren an ze sensibiliséieren!
Nom groußen Erfollëg während der “semaine sans pesticides 2015” ginn et eis flott Stiechkaarten elo och fir d’Gemengen. Wann och Dir Är Bierger wëllt fir e pestizidfräie Gaard motivéieren, da si Dir hei genau richteg.
Wann Dir bis den 31. Dezember 2015 bestellt, kritt Dir d’Stiechkaarte pünktlech fir de Start vun der Gaardesaison am März 2016 geliwwert.
D’Stiechkaarte ginn et op Franséisch an op Däitsch.
E Set vu jeeweils enger Sprooch beinhalt folgend 15 Planzen :
| Wuerzel | Porrett | Hambier |
| Gromper | Äerdbier | Kapuzinnerkress |
| Ënn | Apel | Péiterséileg |
| Zalot | Rubarb | Bratzel |
| Tomat | Drauf | Basilikum |
D’Stiechkaarten enthale net nëmmen interessant Informatiounen iwwert déi spezifesch Planz, se erklären och wéi, wou, wéini a nieft wat een se am beschte planzt. Weider Informatiounen iwwer d’Stiechkaarten an de pestizidfräie Gaardebau fannt Dir och ënner folgendem Link
Bestellung: minumum 500 Setten an enger Sprooch matt Ärem Gemenge-Logo (op der Plaz vum EBL-Logo op der Foto hei lénks). Et mussen net di zwou Sprooche bestallt ginn.
PRÄISSER:
500 Setten (7.500 Kaarten) op DE oder FR matt Gemenge-Logo: 3.000 € TTC
1000 Setten (15.000 Kaarten) op DE oder FR matt Gemenge-Logo: 5.500 € TTC
Präiss fir méi grouß Quantitéiten op Ufro
Member-Gemenge vun der EBL kréien eng Remise vu 15% um Initialpräiss!
Planzestiechkaarten OUNI personaliséierte Gemengelogo:
Fir déi Gemengen, déi manner ewéi 500 Sette bestelle wëllen, bidde mir d’Méiglechkeet Planzestiechkaarte mam Logo vun der Campagne „Ouni Pestiziden“ ze bestellen. Dës Offer besteet nëmme fir de Fall ewou eng gewëssen Unzuel u Sette mam Logo vun der Campagne bestallt goufen.
De Präis läit an dësem Fall bei 6 Euro pro Sett vu 15 Kaarten an enger Sprooch.