News

26. Februar 2015 – Seminaire “Zougang zu Ëmweltinformatiounen”

D’Gesetz iwwer den Zougang zu Ëmweltonformatioune verlaangt, dass all Bierger fräien Accès zu Informatiounen a Saachen Ëmwelt huet. Di ëffentlech Autoritéite mussen deemno all di national an international Accorden, Conventiounen, Traité’en a Gesetzer publizéieren. Ausserdeem mussen Informatiounen iwwert den aktuellen Zoustand vun der Ëmwelt an all d’Aktivitéiten, déi eng Répercussioun op d’Ëmwelt kennen hunn, vermëttelt ginn. De Bierger soll sech e kloert an transparent Bild maache kennen an esou säin Ëmweltbewosstsinn steigeren. Eng gutt Informatiounspolitik ass d’Basis vun all Ëmweltschutzbeméiung!

D’Affekotin a Member vun der ALDE, d’Madame Carole Biot-Stuart klärt iwwer dëst Thema op!

Hei geet et bei d’Umellung