Energiespueren a Gebaier IV
Wou: INAP
¦ 35, rue de Bonnevoie
¦ L-1260 Luxembourg
Effizienten Energiemonitoring fir Gemengen
Energiespueren ass eent vun de Schlagwieder vun eiser Zäit. Fir als ëffentlech Verwaltung efficace Energie ze spuere, brauch et awer e gudden Energiemonitoring, d.h. eng systematesch Iwwerwaachung, Opzeechnung, Analyse a Steierung vun der Energieversuergung an dem Energieverbrauch. Dëse Cours bréngt de Participant’en d’Méiglechkeete vu computergestëtzte Systemer vum Energiemonitoring méi no fir eng Basis ze schaafe fir d’Optiméierung vum Resourccenasatz an de Gemengen.
OPGEPASST: Umeldung ausschließlech iwwer den INAP méiglech
Programm
Deel 1 : Monitoringsystemer
- Aféierung
- Vir- a Nodeeler
- Wéie System fir meng Gemeng?
- Zielerpark
Deel 2: Software
- Wee këmmert sech ëm de Betrib?
- Wéi kënnen d’Donnée’en erfaasst an analyséiert ginn?
- Wéieng Donnée’e ginn erfaasst?
Deel 3: Notzung vu Monitoringtools
- Wéieng Faziter kënnen aus den erhuewenen Donnée’e gezu ginn?
- Wéieng Mesure kënne konkret ëmgesaat ginn?
Deel 4: Beispieler
Participatiounskäschten:
gratis fir all Gemengenemployé(e) a -beamten