News

Meng Gemeng engagéiert sech fräiwëlleg ! – 100% ouni Pestiziden

Ouni pestiziden-wAb dem 1. Januar 2016 ass den Asaz vu Pestiziden am ëffentleche Raum an alle Gemenge verbueden.  Dëst gouf mam Artikel 11 am Gesetz vum 19. Dezember 2014 iwwert “produits phytopharmaceutiques” festgehalen. D’Gemenge sinn deemno spéitstens ab 2016 dozou verflicht op alternativ Aarbechtsformen am ëffentleche Raum zeréck ze gräifen.

Wann Är Gemeng bis elo nach net d’Motivatioun oder d’Méiglechkeet hat zu 100%  ob den Asaz vu Pestiziden ze verzichten, da kann si dat elo nach ob fräiwëlleger Basis nohuelen. Ënnerschreift nach dëst Joer eis Délibératioun fir eng pestizidfräi Gemeng a présentéiert Iech op der Usichtskaart als Gemeng, déi aus ökologeschen a gesondheetleche Grënn zu 100% ob ee Pestizidasaz verzicht.

Folgend Dokumenter sinn heifir néideg:

– Délibératioun: Dëst Dokument gouf vun der Campagne “Ouni Pestiziden” ausgeschafft a kann vun all Gemeng sou iwwerholl ginn. Et handelt sech ëm eng Virlag, eng Délibération-type, Upassunge sinn deemno all Gemeng iwwerlooss.

Froebou: Hei ass virun allem d‘Fro Nummer 4 wichteg, déi de Grad vum Engagement vun der Gemeng opweist. All déi aner Froe si fakultativ an droe virun allem dozou bei een Iwwerbléck ze kréien an eis Hëllefstellung fir d‘Gemengen nach méi konkret auszeschaffen. Mat der Ausnam vun der Fro Nummer 4 ginn dës Date weder verëffentlecht, nach un Drëtter weiderginn.

Weider Informatiounen iwwert d’Campagne “Ouni Pestiziden” an déi verschidde Servicer an Aktioune vun deenen Dir profitéiere kënnt fannt Dir ob der Internetsäit vun der Campagne.