Energiespueren a Gebaier II – Opbaucours: Praktesch Uwendungen
Beim Opbaucours „Energiespueren a Gebaier – praktesch Uwendungen“ steet virun allem d’Kommunikatioun am Mëttelpunkt. Anhand vu verschiddene Filmsequenze vu reale Gespréichssituatioune ginn d’Méiglechkeete vun der Gespréichsféierung behandelt a Verhalensännerungen opgewisen. En technesch orientéierten Deel behandelt d’Themen „Auswäertung vu Verbrauchsdaten“ an „Heizungsregelung“ méi am Détail. D’Participatioun um Cours „Energiespueren a Gebaier I“ ass vu Viirdeel fir dëse Cours.
OPGEPASST: Umeldung ausschließlech iwwer den INAP méiglech
Programm
Deel 1: Erfaassung vum Energieverbrauch – Erfahrungsaustausch
- Energiemanagement
- Aus- a Bewäertung vun der Energieverbrauchserfaassung
Deel 2: Temperaturen an zouene Räim – Heizungsregelung
- Einfach Iwwerpréiwung an Astellung vun der Heizkurv
Deel 3: Verhalensännerunge bei de Notzer – Kommunikatiounsmodeller
- Méiglechkeete vun der Gespréichsféierung bei Reclammatiounen
- Ënnerstëtzung duerch Drëtter – Informatiounsvermëttlung a Kommunikatioun
Participatiounskäschten:
gratis fir all Gemengenemployé(e) a -beamten