News

EBL-Generalversammlung

Donneschten, de 17. Mäerz 2016 hat d’EBL op d’Generalversammlung zum Ofschloss vum Joer 2015 invitéiert.

AG FotoEt haten sech eng Rei Memberen am Centre sociétaire “Al Schoul” zu Réimech afonnt, fir 2015 nach emol Revue passéieren ze loosen. Et war en ereegnësräicht Joer fir eise Veräin, deen sech seit dësem Joer duerch eng Statutenännerung och als ee vun den Akteuren am Klimapakt etabléiert huet. Et gouf eng ganz Rëtsch un Aktivitéiten a Seminairen an de Beräicher Energie, Kommunikatioun, Klimaschutz, Buedemschutz, Ëmweltkataster oder Pestiziden. Außerdem goufen en Aarbechtsdokument fir de Klimapakt ausgeschafft an en Öko-Audit fir de Nohaltegkeetsministère duerchgefouert. Donierwt waren natiirlech och déi zwou Kampagnen “Ouni Pestiziden” an “Ech kafe clever” zwee wichteg Aarbechtsfelder an och den Ecoquartier gouf weiderentwéckelt.

E Résumé vun eiser Aarbecht fannt Dir an eisem Tätegkeetsbericht 2015.

D’EBL ass virun allem frou, dass nierwt 7 neie Privatmemberen, och 5 weider Gemengen eisem Réseau bäigetruede sinn, e positive Trend, deen sech och an den éischten 3 Méint 2016 fortgesat huet (+7 Gemengen). Och eise Comité ass duerch d’Cooptioun vun enger externer Klimaberoderin, dem Martine Schummer, gewues. Besonnesch ervirzehiewen ass awer och, dass d’Aline Schaltz, dat iwwer dat ganz Joer 2015 d’EBL scho verstäerkt huet, zum 1. Januar 2016 e fixe Kontrakt krut a soumatt elo feste Bestanddeel vun eiser Equipe ginn ass!

Alles an allem zitt d’EBL e positive Bilan vum Joer 2015 och wann eng Rei Dossierë nët esou virugaang sinn, wéi een sech dat erhofft hat.

Zum Schluss vun eiser AG gouf de Guy Urbany, Grënnungsmember a bal 20 Joer Präsident vun der EBL, wéint senge Verdingschter a säin Asaz zum éischten Éierepräsident vum Veräin ernannt!

D’EBL setzt sech och 2016 fir méi Ëmweltschutz an de Gemengen an! Ënnerstëtzt eis a gitt Member.

Äert EBL-Team