Evenementer

Energiespueren a Gebaier II (b) – Opbaucours: Praktesch Uwendungen / Begehung & Miessen

15/11/2017
09:00 - 16:00
Wou: 12, Parc ¦ L-9836 Hosingen

Dëse Cours soll déi erlaangte Kenntnësser aus deenen zwee viiregte Séminairen op eng praktesch Manéier uwendbar maachen.

Heibäi geet et virun allem ëm Miesstechnik a Bewäertung vu Miessresultater. D’Participantë ginn duerch e Gebai, dat sech am normale Betrib befënnt an an deem d’Heizung normal leeft. Dës Begehung an d’Auswäertung vun de Miessunge gëtt zesumme mat eisem Expert vum e&u Energiebüro, dem Här Grobecker gemnaach.

Dëse Séminaire gëtt an Zesummenaarbecht mam Naturpark OUR organiséiert a fënnt och an engem vun hiere Gebaier statt.

D’Participatioun un de Coursen „Energiespueren a Gebaier I“ an “Energiespueren a Gebaier II (a)” ass vu Viirdeel fir dëse Cours.

Dëse Séminaire gëtt vum INAP unerkannt !

OPGEPASST: Umeldung hei ënnen iwwer den Aschreiweformulaire (Plaze si limitéiert – Dir kritt vun eis eng Bestätegung per Mail)!!

Programm

9h00: Aleedung, Erfahrungsaustausch, Aféierung an d’Miessgeräter

10h30: Kaffispaus

10h45: Éischt Begehung & Auswäertung

12h30: Mëttegpaus

13h30: Zweet Begehung & Auswäertung

15h00: Kaffispaus

15h15: Erfahrunsaustausch & Resultater

16h00 Schluss

 Participatiounskäschten:

gratis fir all Gemengenemployé(e) a -beamten