Evenementer

“Ëmweltrecht” – Zougang zu Emweltinformatiounen

26/02/2015
10:00 - 12:00
Wou: Héichhaus ¦ 4, Place de l'Europe ¦ L-1499 Luxembourg

Informatioun steet am Ufang vun all Opklärung

Ëmweltschied si keng Kavaléiersdelikter an hunn oft Konsequenzen iwwert déi Generatioun eraus, déi se verursaacht huet! Et ass dofir emminent wichteg, dass d’Autoritéiten a virun allem och d’Lait dobaussen driwwer informéiert sinn, oder zumindest d’Méiglechkeet hunn, sech driwwer ze informéieren, wat den Zoustand vun eiser Ëmwelt ugeet. An der Vergaangenheet gouf d’Gesetz net ëmmer hier, dass all déi Informatiounen de Bierger zougänglech waren.

Duerch d’Gesetz iwwer den Zougang zu Ëmweltonformatiounen huet daat geännert. All Bieger muss fräien Accès zu allen Informatiounen a Saachen Ëmwelt hunn. Dementspriechend mussen di ëffentlech Autoritéiten all di national an international Accorden, Conventiounen, Traité’en an Gesetzer publizéieren, awer och all d’Informatiounen, déi den aktuellen Zoustand vun der Ëmwelt uginn oder iwwer all déi Aktivitéiten, déi eng Répercussioun op d’Ëmwelt kennen hunn.

De Bierger soll sech e kloërt an transparent Bild kenne maachen an esou säin Ëmweltbewosstsein steigeren. Nëmmen esou kann e fräie Meenungsaustausch entstoën an déi aktiv Participatioun vun der Bevölkerung un décisive Prozesser a punkto Ëmweltfroën gefördert gin. Eng gudd Informatiounspolitik ass d’Basis vun all Ëmweltschutzbeméiung! An dësem Seminaire beliicht d’Maître Carole Biot-Stuart, Solicitor a Member vun der ALDE, wat et matt dësem Gesetz op sech huet a gett praktesch Tipps, wéi et unzewenden ass!

ALDE

Programm

  • 10h00 – 11h00: Virtrag Maître Carole Biot-Stuart
  • 11h00 – 12h00: Diskussioun

Download vun der Präsentatioun vum Carole Biot-Stuart

D’Seminarrei “Ëmweltrecht” ass eng Kooperatioun vun der EBL matt der Association Luxembourgeoise pour le Droit de l’Environnement (ALDE).

Bei dëser Seminarrei gëtt d’Ëmweltrecht op lëtzebuerger an europäeschem Plang ënnert d’Lupp geholl. Gesetzer si komplex a leider oft schwéier verständlech an di wéinegst wëssen all d’Gesetzer richteg ze interprétéieren an unzewenden. Virun allem am Ëmweltberäich mussen oft verschidde Politikberäicher mateneen verknëppt ginn, wat eng grouß Herausfuerderung ass an oft zu Verwirrung féiert.

D’Seminarrei “Ëmweltrecht” soll opklären an dofir geet et hei drëm, praktescht Wëssen ze vermëttelen fir di komplexe Matière vun der Ëmweltgesetzgebung verstoën ze hëllefen!

Participatiounskäschten:

50 €/Persoun (Normaletarif)
35 €/Persoun (reduzéirten Tarif fir Membere vun der EBL an der ALDE)
25 €/Persoun (ab 2 Participant‘e pro Gemeng/Institutioun)