EBL Generalversammlung 2018
Mir lueden eis Memberen ganz häerzlech op d’Generalversammlung 2018 an.
- Begréissung an Usprooch vum President
- Feststelle vun der Beschlossfäegkeet
- Tätegkeetsbericht 2017
- Finanzbericht 2017
- Bericht vun de Caisserevisoren
- Présentatioun vum Budget 2018
- Neiwahl an eventuell Erweiderung vum Comité
- Propositioun fir eng Ännerung vun de Statutten
- Ausbléck op 2018
- Divers
Umeldung: Fëllt w.e.g. den ënnen ugewisene Kontaktformulaire aus.
Falls Dir net un der Versammlung deelhuelen kënnt, dann iwwerdrot w.e.g. Äert d’Stëmmrecht un eng drëtt Persoun anhand folgender Vollmuechtdeklaratioun.
Dëst ass wichteg fir d’Beschlossfäegkeet vun der AG garantéiren ze kënnen!
Mellt Iech w.e.g. un oder of, fir dass mir eis organiséiere kënnen!
Mir soen Iech elo schonn e grouße MERCI a freeën eis dës Geleeënheet ze notze fir Iech all erëm ze gesinn.
Iessen:
Nom offiziellen Deel vun der Generalversammlung proposéiere mir zesummen iessen ze goen. Mir géifen zu dësem Zweck fir 20h00 am Ristorante-Pizzeria Gusto (33 r. principale L-5240 Sandweiler) reservéieren.
D’Entrée sinn Antipasti, Haaptplat an Dessert kënnen à la carte bestallt ginn.
D’EBL spendéiert d’Antipasti an d’Gedrénks.
Umelle kënnt Dir Iech bis spéitstens de 25. Mäerz 2018!
