Demo-Day “ouni Pesticiden”
De 25. März 2014 fënnt zu Biereng bei Miersch den Demo-Day “ouni Pesticiden” 2014 statt. D’Veranstaltung riicht sech un d’Gemengeresponsabel an déi technesch Servicer.
Am Kulturzentrum “Hall Irbicht” zu Biereng (Gemeng Miersch) start den Demo-Day “ouni Pesticiden” 2014 matt enger Konferenz um Moien. No der Begréißung duerch de Luc Friedrich (Gemeng Miersch) an de Guy Spanier (Präsident EBL) mëscht de Jacques Mersch eng Aféàierung an di allgemeng Problematik zu de Pestiziden. Duerno geet de Pierre Schmitt op d’Wichtegkeet vun enger gezilter Opklärungs- an Informatiounspolitik a Saache Pestizidverzicht an. No enger Kaffispaus hält den Charlie Sommer en interessante Virtrag iwwer den ökologeschen Entretien vu Sportanlagen a Fussballsterrai’en. Duerno erklärt de Frédéric Jomaux de Participant’en de Prinzip vum differenzéierte Gréngflächemanagement. Zum Ofschloss weist den Edwin Pothoven ganz konkret, wéi d’Gemeng Betzder pestizidfräi geschafft huet a nach ëmmer schafft.
An der Mëttegpaus ass d’Ouverture vun enger groußer Ausstellung virgesinn, déi vun der Campagne “sans pesticides” ausgeschafft gou an déi vun de Gemenge fir Sensibiliséierungszwecker bei der EBL ausgeléint ka ginn.
Am Nomëtte sin dann eng ganz Rei vu praktesche Virféierunge vun alternative Geräter zur Krautbekämpfung statt. 7 Hiersteller aus Däitschland, der Belge a Frankräich wäerten zu Biereng präsent sinn.