E neie Miesskoffer fir auszeléinen
No dem erfollegräiche Seminairen zum “Energiespueren an ëffentleche Gebaier” huet d’EBL, zesumme mat hirem Energieexpert, ee prakteschen a kompletten Miesskoffer zesummegestallt. Dëse Koffer beinhalt all déi Geräter, déi fir eng éischt an onkomplizéiert Analyse an ärem Gebai néideg sinn an erlaabt soumat Problemer an Schwaachstelle schnell sur place opzedecken.
Méi Informatiounen an de Bestellformular fannt Dir op folgender Säit.
Kuckt Iech och un, wat fir aner Materialien d’EBL verléint!