News

Statuten-Ännerung bei der EBL

D’EBL huet de 4. Mäerz 2015 um 19h00 Auer zu Réiser op d’Generalversammlung fir 2014 invitéiert. Ugangs huet de Guy Spanier, di éischt Kéier an der Roll vum Präsident, d’Memberen an d’Gäscht vun der AG begréisst. Uschléissend huet de Réiser Buergermeeschter Tom Jungen betount, dass d’Gemeng Réiser, zënter laangem treie Member vun der EBL, scho ganz vill am Emweltberäich ëmgesaat huet. Seit dem 1. Januar 2014 ass de Max Klein haaptberufflechen Ëmweltberoder vun der Gemeng a mëttlerweil och Comitésmember bei der EBL, déi matt verantwortlech ass, dass de Max zu Réiser agestallt gouf.

De Pierre Schmitt ass duerno op di oofwiesslungsräich Aktivitéite vun der EBL am Joër 2014 agaang, ier de Caissier Jos Mathieu d’Finanzsituatioun vum Veräin duergeluet huet. Duerno stoung eng Propose fir eng Statutenännerung um ordre du jour, déi dann och vun de Membere vun der AG ugeholl gouf. Deemno mëscht de Veräin sech op fir d’Klimaberoder, déi an de Gemengen täteg sinn (intern awer och extern) an déi ab elo offiziell Member bei der EBL kenne ginn. Dëst geschitt am Hibléck op eng verstäerkt Aarbecht vun der EBL an deem Beräich, sou dass de Veräin an Zukunft eng Austauschplattform fir d’Klimaberoder duerstellt, Formatiounen ubidd a Best Practices sammelt an opbereet. Dëst geschitt alles a Kooperatioun matt myenergy an anere concernéierte Strukturen.

Enner folgendem Link fannt Dir di nei Statuten + e kuerzen Iwerbléck iwwer d’Ännerungen.