News

Et geet ëm d’Wurscht – Manif fir eng nohalteg Landwirtschaft

Samschtes, 23. Aprëll 2016, ab 10:45

Logo ML

Eng gesond a solidaresch Landwirtschaft fir eng besser Zukunft vun de Baueren an der Ëmwelt!

D’Partner vun der Initiative “Meng Landwirtschaft” lueden Iech op den éischten  Demonstratiounsmarsch fir eng zukunftsfäheg Lëtzebuerger Landwirtschaft. Ënner dem Motto „Et geet ëm d’Wurscht“ wëlle mir gemeinsam fir eng Landwirtschaft demonstréieren, déi Ëmwelt a Verbraucher schützt an de Bauern zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus eng reel Zukunftsperspektiv bitt.

Eise Protest ass ëmsou méi wichtig: an e puer Deeg gëtt den Entwécklungsplang fir déi Lëtzebuerger Landwirtschaft (PDR) an der Chamber débattéiert. Mee de PDR zementéiert déi désastréis Landwirtschaftspolitik fir déi nächst fënnef Joer. Zesumme musse mir de politisch Responsabelen elo kloer maachen: Mir brauchen e Kueswiessel an der Landwirtschaftspolitik. Eriwwer mam Bauerestierwen, Arteverloscht, Pestiziden, Gentechnik, belaschtem Drénkwaasser a klimaschiedlechen Emissiounen! JO zu enger Landwirtschaftspolitik, déi Landwierter, d’Verbraucher an d’Ëmwelt respektéiert!

Eisen Appell un all d’Verbraucherinnen an d’Verbraucher, Bauerinnen a Baueren: Maacht mat bei eiser Manif! Landwirtschaft geet eis all eppes un!

  • 10:45   Treffpunkt um Glacis, Lëtzebuerg
  • 11:00   Start vum Demo-Marsch
  • 11:30   Arrivée beim Landwirtschaftsministère & Rieden (Place Clairefontaine, Lëtzebuerg)
  • 12:00  Gemeinschaftlecht Mëttesiessen à l’Auberge espagnole (w.e.g. eppes z’iessen oder Gedrénks matbréngen)

______________________________________________________________________________________________________________________________________________________

Logos ML