Evenementer

Bësch an Holz – ökologesch, wirtschaftlech a sozial

06/11/2014
18:30
Wou: Restaurant Casa Fabiana
Adress: 3, rue de Bonnevoie ¦ L-1290 Luxembourg

Diskutéiert matt am Restaurant Casa Fabiana

D’Virstellung vum Bëschzoustandsbericht 2013 duerch d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg am viirechte Februar huet nach emol verdäitlecht, dass et eise Bëscher och schonn emol besser gaangen ass wéi haut. Grënn fir dësen Zoustand sinn am Alter vun de Beem, lokalen Gegebenheeten, Schädlingen, atmosphäresche Schuedstoffer an och dem Klimawandel ze sichen. Mee och d’Bewirtschaftungsmethoden aus der Vergaangenheet a vun haut spillen dobäi eng grouß Roll. Di gréisser zesummenhängend Bëschflächen zu Lëtzebuerg befannen sech meeschtens an ëffentlecher Hand. Nierwt der Berécksichtegung vu reng ökologeschen Aspekter bei der Bewirtschaftung vun de Bëscher, sinn awer och wirtschaftlech a sozial Aspekter vu Bedeitung. De FLEGT-Aktiounsplang (Forest Law Enforcement Governance and Trade) vun der EU huet sech dat éiergäizegt Zil gestach, den illegalen Holzschlag an déi domatt verbonne Konsequenze fir Mënsch, Ëmwelt a Wirtschaft weltwäit ze ënnerbannen. Just wa nohalteg produzéiert Holz an Holzproduit’en och vun ëffentlechen a private Client’e nogefrot oder souguer gefuerdert gëtt, kennen eis Bëscher op Dauer iwwerliewen. Déi säit dem 1. Januar 2014 applizéiert ëffentlech Akafspolitik vun de lëtzebuerger Regierung a rezent och déi vun der Stad Lëtzebuerg besteet doranner, beim Kaf vun Holz an Holzproduit’en d’Hierkonft aus legalen a nohalteg genotzte Quellen ze garantéieren.

Waldweg mit Sonnenschein
Ënnerthemen:

  • Schlechte Gesondheetszoustand vun eise Bëscher – wat sinn d’Grënn?
  • Wat ass eng nohalteg Bëschbewirtschaftung?
  • Wéieng Zertifizéierungssystemer gëtt et a wéi funktionéieren se?
  • De FLEGT-Aktiounsplang an d’Holzakafspolitik vun der Regierung
  • Wéi kann eng Gemeng eng nohalteg Bëschbewirtschaftung ëmsetzen?
  • Verantwortungsvollen Holzakaf: d’Nofro bestëmmt d’Offer

D’Intro hält den Här Bert Wolff vun der Stadt Lëtzebuerg. Den Ufang ass um 18h30 am Restaurant Casa Fabiana!

Den “EBL-Talk” ass eng Art informell Diskussiounsronn am gemittleche Kader.

Bei dëse regelméißegen Treffe gin Thematiken ugeschwaat, déi aktuell oder nei sin a bei deenen et nach Diskussiounsbedarf gett. Sou kennen sech Ëmweltberoder, Techniker, Gemengenemployé’en sech austauschen oder een Abléck an eng gewëssen Thematik kréien.

Den Oflaf ass ganz oppen an simple gehal: No engem Kuerzvirtrag vun engem vun engem “Expert”, kann fräi diskutéiert an all Fro, Iddee oder Bedenken ugeschwaat ginn. Am Uschloss besteet d’Méiglech vir bei engem gemeinsamen Iessen d’Diskussioun an den Dag auskléngen ze loossen.

D’Participatioun ass gratis (just d’Iesse muss selwer bezuelt gin) a mir freeën eis ëmmer ob all nei an al Gesichter, déi um EBL-Talk deelhuelen.