Evenementer

Urban Gardening – nei Perspektiv vum lokale Gäertneren

20/10/2016
13:30 - 18:30
Wou: ARTIKUSS
Adress: Rue Jean Anen ¦ L-4413 Soleuvre

Am Kader vun den Emweltwochen 2016 invitéiert de Schäfferot vun der Gemeng Suessem, an Zesummenaarbecht mat der EBL an dem CTF op eng Konferenz mam Thema:

Urban Gardening – nei Perspektiv vum lokale Gäertneren

Ënnert dem hippen Terme “Urban Gardening” versteet een déi kléngraimeg gäertneresch Notzung vun ëffentleche Flächen ënnerhalb vun Uertschaften. Wat fréier nach nach vill méi verbreet war, ass an de leschte Jorzéngten emmer méi a Vergiessenheet geroden. Goufen et soss nach bei praktesch all Haus Geméisgäert, sou ass dat haut dacks net méi de Fall. D’Produktioun vu Liewensmëttel ass op ville Plazen aus den Uertschaften eraus op d’Felder verschwonnen a gouf gréisstendeels vum Privatubau u Baurebetriiber ofgetrueden. Dës Entwécklung huet dozou gefouert, dass vill Leit de Lien zu der Liewensmëttelproduktioun verluer hunn. Fir dësem Trend entgéintzewierken, gett mat urban gardening Projetë probéiert, d’Gäert nees zréck an d’Stied ze huelen. Wat dat heescht, wéieng Méiglechkeeten et do gett, a wat scho gemaach gouf, dat soll an dëser Konferenz duergeluet ginn!

D‘ Konferenz gett vum INAP als Formatioun (4h) unerkannt! 

Programm:

 13h30 Empfang an Aschreiwung

14h00 Virwuert vun der Emweltschäffin Myriam Cecchetti

14h15 Schaffen ouni Pestiziden, an der Gemeng an doheem, Nils Leches, EBL

14h45 Sprëtzmëttel an der Liewensmëttelproduktioun, Jacques Engel, ASTA

15h15 Projet de la transition alimentaire, Bernard Lahure, GEIE EcoTransfaire

15h45 Pause

16h15 Suessem schmaacht – Masterplan zum nohaltege Gäertneren, David Hengen, Emweltamt Gemeng Suessem

16h45 Gemeinschaftsgaart Beetebuerg, Caroline Calmes, Emweltamt Gemeng Beetebuerg

17h15 Interkultureller Garten Aalen, Christine Class

18h00 Internationaler Frauengarten Trier, Ruth Petri

18h30 Schlusswuert Dr. Martine Mergen, Presidentin CTF

brochure-1