Evenementer

Visite vum Betrib KIOWATT S.A.

28/01/2017
10:00 - 11:30
Wou: Kiowatt S.A. Zone artisanale et commerciale Klengbousbierg
Adress: 6-8, op der Poukewiss ¦ L-7795 Bissen
kiowatt-logokiowatt-anlag

Wéi entsteet d’Energie déi ech brauch fir mäin Haus ze hëtzen?
Op dës Fro fanne mir eng Äntwert bei der Visite vun der Cogeneratiounsanlag vun der Firma Kiowatt!

Kiowatt ass e Betrib, deen am Beräich vun der Bereetstellung vu “grénger Energie” täteg ass. Kiowatt schafft haaptsächlech un der Hierstellung a Verdeelung vun Energie aus Biomasse asetzenden Anlagen an un der Hierstellung vun Holzpellets. Gewise gëtt e Film vun 10min mat duerno enger Visite guidée vun der Cogeneratiounsanlag an der Pellets-Hierstellung.

Dës Visite ass fräi zougänglech fir all interesséierte Bierger a gëtt vun der EBL am Kader vum Projet “Energie- an Emwelttheme fir Bierger” organiséiert.

Aschréiwen kënnt Dir Iech bis den 22. Januar 2017