Workshop Kommunikatioun
Wéi erreescht een am beschten de Bierger?
D’Gemenge stinn am Verwaltungsapparat zu Lëtzebuerg am nootsten un de Bierger. All Décisioun an all Aarbecht muss deemno och de Leit mattgedeelt ginn. Di richteg Kommunikatiounsstrategie ass dofir immens wichteg, wann een transparent an informativ wëllt bleiwen an all Kritik wellt firgräifen. Grat am Ëmweltberäich ass d’Kommunikatioun vun enormer Bedeitung wann de Bierger soll sensibiliséiert ginn. Op Energie oder Offall, am Kader vum Klimapakt oder beim Naturschutz, op Mobilitéitsfroen oder beim Oofschaafe vum Pestizidasaz, ëmmer steet d’Fro am Raum: Wéi kommunizéieren ech dëst am beschten un d’Bierger? Wéi schreiwen ech Texter, sou dass de Message och ukennt? Lounen sech Facebook, Twitter a Co.? A sou weider a sou fort.
An dësem Workshop behandele mir Kommunikatiounsstrategien, Social Media, Video an aner Kanäl a léiere, wéi een d’Käerausso kuerz a knackeg a no journalistesche Critèren op de Punkt bréngt.
Fir e perséinlechen a praxisnoe Bezug an dësem Workshop ze schaafen, hunn d’Participant’en d’Méiglechkeet am Viraus (bis eng Woch virdrun) en eegenen Text op info@ebl.lu eranzeschécken, deen da während der Veranstaltung analyséiert gett. Natiirlech gär anonym, wann dat gewollt ass! Fir e Verglach kennen ze maachen, wier et flott, wann di Texter dat selwecht Thema hätten. Dofir proposéiere mir opgrond vun der Aktualitéit folgend Thema: Verbuet vun Herbiziden ab dem 1. Januar 2016. Wann Dir onbedingt en aneren Text diskutéiere wëllt oder den Herbizidverbuet Iech net concernéiert, dann dierft Dir eis awer natiirlech och en aneren Text eraschécken.
Et muss een awer keen Text eraschécken, wann een dat net wëll!!!
Riedner : Jean-Paul Bertemes
Acting Head of Unit – Science in Society (www.science.lu)
Participatiounskäschten:
50 €/Persoun (Normaletarif)
35 €/Persoun (ab 2 Participant‘e pro Gemeng/Institutioun)
20 €/Persoun (fir EBL-Memberen)