16/10/2014: Schatzkëscht Buedem
D’Gemeng Monnerech invitéiert de 16. Oktober an de Préau vun der Monnerecher Schoul op d’Ausstellung “Schatzkëscht Buedem”.
An dëser Ausstellung geet et an d’Déift, fir de Buëdem als komplexe Liewensraum an eis Liewensgrondlag kennen a schätzen ze léieren.
Nierwt engem Wuermarium an enger Pilzkëscht gëtt et nach weider mobil Elementer, duerch déi ee spannend Experimenter a Beobachtunge maache kann.
D’Ausstëllung gëtt vum Naturmusée animéiert a riicht sech an der Haaptsaach u Kanner.
D’Umelldung ass gratis beim Emweltservice vun der Gemeng (mail: ecologie@mondercange.lu ¦ Tél: 55 05 74 50)