Gemengepinnwand

21/03/2015: Grouß Fréijorsbotz Monnerech

D’Gemeng Monnerech invitéiert den 21.  Mäerz 2015 ab 8h30 op hier grouß “Fréijorsbotz”.

De Knascht, dee bewosst oder onbewosst an der Natur land, bleiwt oft iwwer eng laang Zäit do leien. Maacht dofir matt bei der groußer Fréijorsbotz an hëlleft Äer Gemeng propper ze haalen. Sammelt zesumme matt de Responsable vun der Gemeng a vum Emweltservice de Knascht laangscht d’Stroossen a Weeër an.

RDV ass um 8h30 Auer op der “Duerfplatz” zu Monnerech oder um Parking vum centre culturel “Beim Nëssert” zu Biergem. Denkt dru gutt Schong unzedoën an d’Kleeder dem Wieder unzepassen. No der Botz zervéiert d’Gemeng eng gutt Lënsenzopp u jiddereen dee mattgemaach huet!

Umelle kann ee sech bis de 15. Mäerz beim Emweltservice vun der Gemeng (mail: ecologie@mondercange.lu ¦ Tél: 55 05 74 50)

Botz Monnerech