Solar-Training: Workshop vu Greenpeace
Wéini: Mëttwochs, 20. Juni 2017 vun 09:00 bis 17:30 (däitsch) an Donneschdeg, 21. Juni 2017 vun 09:00 bis 17:30 (franséisch)
Wou: Kulturfabrik, 117 rue de Luxembourg, Esch-sur-Alzette
Greenpeace Lëtzebuerg luet an op ee Workshop zum Thema “Solar-Energien”. Dës Veranstaltung riicht sech un all déi, déi Thema vun den erneierbaren Energien engem bestëmmte Publikum wëlle méi no bréngen. Hei krit Dir Tipps an Tricks, wéi Dir dëst Thema pedagogesch flott opschaffe kënnt an engem onerfuerenen Publikum einfach an op eng attraktiv Art a Weis erkläre kënnt.
Weider Informatioune fannt Dir a folgenden Dokumenter:
Einladung Invitation Greenpeace solar workshop Juin 2017
Stundenplan _ Horaire Solar workshop 20._21.6.2017
Formulaire d’inscription solar training Juni 2017
Umelle kennt Dir Iech bis den 10. Juni 2017 per E-Mail beim Martina Holbach, martina.holbach@greenpeace.org
Plazen si begrenzt.