Sensibiliséierungsaktioun – Ouni Pestiziden
Den 1. Januar 2016 ass et esou wéit. Spéitstens da mussen d’Gemengen per Gesetz op ëffentleche Flächen op Planzeschutzmëttel verzichten. Zäit deemno, och de Bierger e pestizidfräie Privatgaard méi no ze bréngen, sou dass déi nächst Gaardesaison ouni chemesch Mëttel starte kann! Bestellt elo Är personaliséiert Planzestiechkaarten – dat perfekt Kommunikatiounsmëttel fir d’Awunner an Ärer Gemeng iwwert d’Thematik «E Gaart ouni Pestiziden» ze informéieren an ze sensibiliséieren! Weist mat hëllef vun dëse flotte Stiechkaarten dem Hobbygäertner an ärer Gemeng Methoden an Techniken op wéi ee Geméis, Uebst, Blummen an aner Planze fleege kann, ouni op Sprëtzmëttel zeréckzegräifen.
Méi iwwert d’Stiechkaarten an d’Bestellung fannt Dir ob folgender Säit.