EBL-Talk “Praktesch Ëmsetzung vum neien Offallgesetz an de Gemengen”
Mir lueden Iech heimat an, op dësem Owend eis Erfahrungen zum Thema „praktesch Ëmsetzung vum neien Offallgesetz an de Gemengen” auszetauschen. Di national Offallpolitik ass duerch dat neit Gesetz vum 21. Mäerz 2012 erëm verstäerkt an de Mëttelpunkt geréckelt. E groußen Deel vun der Offallgestioun a -vermeidung läit dobäi an den Hänn vun de Gemengen, déi hier entspriechend Reglementer bis Mäerz 2014 un déi nei Gesetzgebung upasse mussen. Eng grouß Verännerung bréngt virun allem d’Uwendung vum Prinzip vum pollueur-payeur matt sech, wat an der Rechnung vun den Taxe berücksichtegt muss ginn. Interpretatiounsschwieregkeete gëtt et momentan och bei der Formuléierung, dass bis 2020 op mannst 50% vum Hausknascht recycléiert solle ginn.
Ënnerthemen:
- Wéieng Prioritéite setzt dat neit Offallgesetz?
- Wéieng nei Verantwortunge kommen op d’Gemengen zou?
- Wat genau beseet de Prinzip vum pollueur-payeur?
- Wéi kann dëse Prinzip praktesch ëmgesat ginn?
- Wéi kann eng Gemeng d’Recyclingquote berechnen?
- Wéieng Methode gi vun anere Gemengen ugewannt a wat beinhalt en Offallkonzept?
Bei der Umeldung w.e.g. uginn, op der och um Iessen duerno wëllt deelhuelen (muss selwer bezuelt ginn)! Präsentation vun desem EBL-Talk fannt dir hei: