Ëmweltbildung: De neie Quiz zum Thema Schoulmaterial ass do!

Ëmwelttheme si wichteg a sollen och scho vu Kanner a Jugendlechen eescht geholl ginn. Fir d’Gemenge bei dësem Projet ze ënnerstëtzen huet d’EBL am Kader vu senger Ëmweltbildung a mat der Ënnerstëtzung vu verschiddene Partner mëttlerweil 3 Quiz zu den Theme Schoulmaterial, Offall an Ëmwelt publizéiert. Des Quiz kenne gratis an ouni Limitatioun vun all Ëmweltinteresseierten gespillt ginn.
Den drëtten Schoulquiz mam Thema ëmweltfrëndlecht a gesondheetsschounend Schoulmaterial ass elo do! De Quiz gouf am Kader vun der nationaler Campagne „Ech Kafe Clever“ entwéckelt. Méi zu dëser Campagne fann Dir ob folgender Internetsäit.