Evenementer

EBL-Talk – Suite vun der COP 21 fir Lëtzebuerg

12/07/2016
18:30 - 20:00
Wou: Café littéraire Le Bovary
Adress: 1, rue de Laroche L-1918 Luxembourg

cop21Déi 21. UN-Klima-Konferenz (COP 21) huet Enn 2015 zu Paräis stattfonnt. Lëtzebuerg, genau esou wéi déi europäesch Unioun goufen zu Paräis duerch eis Ministesch fir Ëmwelt, Carole Dieschbourg, an den Staatssekretär Camille Gira, vertrueden. Um Enn vun dësem internationalen Treffe gouf ënnert der Leedung vun der lëtzebuerger EU-Présidence en ambitiéist Klima-Ofkommes beschloss, fir déi global Äerderwiermung ob däitlech ënner 2°C, am beschte Fall 1,5°C am Verglach zu dem vir-industrielle Level ze begrenzen. Fir dës Limite vu maximalen +1,5°C ze erreechen, mussen di global CO2-Emissiounen tëschent de Joren 2045 bis 2060 ob Null zeréckgefouert ginn an een Deel vum ausgestoussenen CO2 erëm aus der Äerdatmosphär eraus gebonne ginn. Fir dëst Ziel ze erreechen ass eng konsequent an direkt applikabel Klimaschutzpolitik noutwenneg.

 

Wat genau bedeit dëst elo fir d’Gemengen zu Lëtzebuerg?  Wat sinn d’Klimaziler fir eist Land a wat ass um nationalen a lokale Plang virgesi fir dës Ziler ze erreechen? Mir sëtzen ons mam Här Camille Gira un een Dësch a schwätzen iwwert d’Responsabilitéiten, awer och d’Méiglechkeete vun de Gemengen. Huelt deel un onsem EBL-Talk, stellt Är konkret Froen un de Staatssekretär a gitt méi gewuer iwwert zukünfteg Projete vun der lëtzebuergescher Klima-Politik.

Dës Veranstaltung ass nëmme fir EBL-Member zougänglech an ob max. 20 Persoune begrenzt!! Fir d’Wuelbefannen vun Läif a Séil ass während dësem Austausch am klengen Kader och beschtens gesuergt.

Zesummefaassung vum EBL-Talk iwwert COP21 vum 12.07.2016