Evenementer

Klimaschutz mam Klimapakt!? – Wéi wäit kann, soll a muss ee goen?

18/11/2015
18:15
Wou: Independent Café • 6, bd F-D Roosevelt, L-2450 Luxembourg

Net nëmmen eng Energiefro!

Enn November fënnt zu Paräis déi 21. UN-Klimakonferenz statt, wou dann endlech e Nofolgeofkommes zum Kyoto-Protokoll ënnerschriwe soll ginn. De Klimaschutz ass weltwäit zu enger vun de gréißten Erausfuerderungen fir d’Menschheet avancéiert. Hei am Land bitt virun allem de Klimapakt seit knapp 2 Joer nei Méiglechkeeten den aktive Klimaschutz op kommunalem Niveau virunzedreiwen. Mee wat genau schützt dann eist Klima? Wat genee verstoppt sech hannert deem abstrakten Terme “Klimaschutz”? A wat sin d’Gemeinsamkeeten awer och d’Ennerscheeder zum Klimapakt? Et geet nämlech dobäi net just em Energiefroen, mee em weitaus méi.

Den EBL-Talk a senger neier Form ass e lockeren Austausch am fréien Owend, wou d’Leit sech iwwer e gewëssent Thema austausche kennen. E roude Fuedem leed duerch den Owend, wou d’Leit bei Fingerfood an engem gemittleche Patt d’Aarbecht matt deene flotte Saache vum Liewe verbanne kennen. Den EBL-Talk “Klimaschutz mam Klimapakt!?” soll de Bléck iwwer den Horizont eraus riichten fir erauszefanne, wéi een eist Klima rette kann. Kommt laangscht an diskutéiert matt iwwer en Thema, dat äerch alleguer concernéiert.

 

Speaker : Guy Spanier
President vun der EBL an Emweltberoder bei der Gemeng Schëffleng

 

Participatiounskäschten:

gratis