Mäi Frigo vu bannen – Visite vum Betrib SEG
De Frigo-Kierfecht: Wat geschitt mat mengem ale Frigo wann ech e fachgerecht entsuergt hunn? Visite bei der Firma SEG Umwelt-Service GmbH zu Mettlach.
Aus wat besteet ee Frigo a wat geschitt mat dësem wann ech e fachgerecht entsuergt hunn? Dëst gi mir gewuer, bei der Visite vun der Firma SEG Umwelt-Service zu Mettlach, déi sech ob eng fachgerecht Entsuergung vu Frigoë spezialiséiert huet.
Um Programm stinn:
– Presentatioun vun Ecotrel, dem Vertrieder vun den Hiersteller, Importateuren an Händler fir d’Ëmsetzung vun deene gesetzlech virgeschriwwene Verflichtungen zu der Entsuergung vun elektroneschen Apparater
– Presentatioun vu SEG Umwelt-Service GmbH a Visite vun der Firma
– Mëttegiessen am Brauhaus, gesponsert vun SEG Umwelt-Service GmbH
Dës Visite gëtt am Kader vum Projet “Energie- an Emwelttheme fir Bierger” an an Zesummenaarbecht mat Ecotrel an Oekotopten organiséiert, a riicht sech un all interesséiert Persoun.
Dës Veranstaltung gëtt op e spéideren Datum verluet!!