Visite vun der Kläranlag zu Iechternach
Zu Lëtzebuerg schéngt Waasser keng Raritéit ze sinn. Ech maachen de Krunn op, a schonn ass et do. Ech kann et drénken, ech kann domadder kache, mee am meeschten notzen ech et wann ech duschen, op Toilett ginn oder botzen. Mee wat geschitt mam Waasser nodeems ech et benotzt hunn, mam sougenannten “Ofwaasser”? A wisou ass et wichteg dëst Ofwaasser net onnéideg mat chemesche Produiten a Knascht ze belaaschten?
Dëst a villes méi gi mir während enger Visite an der Kläranlag zu Iechternach gewuer. Hei kréie mir erkläert, wéi eist Ofwaasser bis an d’Kläranlag kennt, wat genau an der Kläranlag mam Waasser gemaach gëtt a wat duerno mam Waasser geschitt. Ee Mataarbechter vun der SuperDrecksKëscht® äntwert ausserdeem gären op all Är Froen zum Thema “richteg Entsuergen” an erkläert, wisou mat der Ausnahm vum Toilettëpabeier, näischt aneschters an den Offloss gehéiert.
Dës Visite gëtt am Kader vum Projet “Energie- an Emwelttheme fir Bierger” an an Zesummenaarbecht mat dem SIDEST an der SuperDrecksKëscht® organiséiert, a riicht sech un all interesséiert Persoun.
Mëllt Iech w.e.g. bis spéitstens de 15. August fir dës Veranstaltung un!