Demo-Day „Ouni Pestiziden“ – Virféierung vu Maschinnen
Nom groussen Erfolleg vum Demo-Day 2014, organiséiert d’EBL zesumme mat de Partner vun der Kampagne “Ouni Pestiziden” och dëst Joer erëm een Dag, deen am Zeeche vum Austausch an der praxisnoer Informatioun steet.
Während dësem Moie läit den Haaptfokus ob Demonstratioune vu verschiddene Maschinnen a Geräter, déi ee pestizidfräien Ënnerhalt vu Flächen erméiglechen. Verschidde national an international Entreprisë kommen informéieren an hier Geräter virstellen. Awer och puer interessant Erfahrungsberichter aus eenzelne Gemengen (Préizerdaul, Suessem, Ëlwen) wäerte net feelen.
Dës Veranstaltung ass virun allem fir Gemengenaarbechter interessant, déi säit dem 1. Januar 2016 net méi op Planzeschutzmëttel zeréckgräifen däerfe wann et ëm den Ënnerhalt vun ëffentleche Fläche geet. (Artikel 11 am Gesetz vum 19. Dezember 2014 iwwert “produits phytopharmaceutiques”)
Planning:
08:30 – Accueil vun de Participanten
09:00 – Intro iwwert Pestizideproblematik an de Verzicht vu Planzeschutzmëttel ob ëffentleche Flächen ab dem 1. Januar 2016 (EBL)
09:20 – Erfahrungsberichter aus verschiddene Gemengen, déi scho mat thermeschen a mechaneschen Technike schaffen
10:00 – Kaffispaus
10:30 – Virféierung vu Maschinnen duerch 10 verschidden Hiersteller a Vendeuren
12:30 – Mëttegiesse mat Méiglechkeet sech ënnereneen auszetauschen
Folgend Betriber si beim Demo-Day 2016 dobäi:
- Auxiclean / Avril Industrie
- Vandaele
- Gartenbau Leufgen
- Greenagri
- Hilaire van der Haeghe
- Marcel van Dyck
- MOS Benelux
- Packo Green
- Pivabo
- Bësch- a Gaardenzenter Kellen
Participatiounskäschten: 50 Euro fir EBL- Memberen a Membergemengen (Mëttegiessen abegraff)
80 Euro fir all aner Interesséierten (Mëttegiessen abegraff)
Dëse praktesche Seminaire gëtt och vum INAP unerkannt!
Ab elo kann ee sech bis de Mëttwoch, 18. Mee 2016 umellen!