Evenementer

EBL-Generalversammlung 2017

10/04/2017
18:00 - 20:00
Wou: Centre culturel Eischen ¦ salle Jean Wolff
Adress: Place Denn ¦ L-8410 Eischen

Mir lueden eis Memberen ganz häerzlech op d’Generalversammlung 2017 an. 

Ordre du jour

  • Begréissung an Usprooch vum President
  • Feststelle vun der BeschlossfäegkeetAG 2017 Bild
  • Tätegkeetsbericht 2016
  • Finanzbericht 2016
  • Bericht vun de Caisserevisoren
  • Présentatioun vum Budget 2017
  • Neiwahl an eventuell Erweiderung vum Comité
  • Ännerung vun de Statutten
  • Ausbléck op 2017
  • Divers

Umeldung: Fëllt w.e.g. den ënnen ugewisene Kontaktformulaire aus.

Falls Dir net un der Versammlung deelhuelen kënnt, dann iwwerdrot w.e.g. Äert d’Stëmmrecht un eng drëtt Persoun anhand folgender Vollmuechtdeklaratioun.

— Vollmuecht —

Dëst ass wichteg fir d’Beschlossfäegkeet vun der AG garantéiren ze kënnen!

Mellt Iech w.e.g. un oder of, fir dass mir eis organiséiere kënnen!

Mir soen Iech elo schonn e grouße MERCI a freeën eis dës Geleeënheet ze notze fir Iech all erëm ze gesinn.


Iessen: 

Nom offiziellen Deel vun der Generalversammlung proposéiere mir zesummen iessen ze goen. Mir géifen zu dësem Zweck fir 20h00 am Restaurant Gudde Maufel (8, Rue de la Gare ¦ L-8471 Eischen) reservéieren.

Dir hutt hei de Choix tëschent engem vegetareschen an engem net-vegetaresche Menu.

Gidd w.e.g. bei der Umeldung schonn Äre Choix un.
D’EBL freet eng Käschtebedeelegung vun 30€ pro Persoun, déi Dir w.e.g. cash mat an de Restaurant bréngt.

Umelle kennt Dir Iech bis spéitstens de 6. Abrëll 2017! 

Generalversammlung

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.