Workshop: Economie Circulaire a menger Gemeng ?
08/12/2016
09:00 - 11:00
Wou: Büroen vun der EBL (Hémicycle)
Adress: 1, rue du Fort Thüngen ¦ L-1499 Luxembourg

Sief et fir eng Gemeng, eng Zone industrielle oder fir den Bierger, d'”Economie Circulaire” oder och nach “Kreeslafwirtschaft” genannt, ass eng Thematik déi an Zukunft eng gréisser Roll anhuelen wäert.
- Mee wat stécht hannert dësem Konzept?
- Wat ass den Roll vun enger Gemeng an dëser Thematik?
- Wéi eng Handlungsfelder erginn sech fir eng Gemeng, hier Bierger an hier Entreprisen
+Impakt an d’EBL erméiglechen iech unhand vun dësem Workshop déi verschidden Facetten vun der Economy Circulaire kennen a verstoen ze léieren. Unhand vun engem interaktiven Spill ginn déi verschidden Handlungsfelder vun enger Gemeng identifizéiert an méi genau beliicht.
Fir d’Efficacitéit vun dësem Workshop ze garantéieren, wäerten mir just eng ganz begrenzten Unzuel vun Leit unhuelen kënnen, woubäi Prioritéit den EBL-Memberen virbehalen ass.
Den Workshop dauert 2-3 Stonnen
Präis: EBL-Memberen 40 EURO
Net EBL-Memberen 80 EURO
Et ass net mi méiglech sech fir dëse Seminaire unzemellen. All d’Plaze si scho besat.
Bei groussem Interessi kënnt Dir eis eng E-Mail schreiwe, fir dass mir Iech ob eng Waardelëscht sëtzen.