EBL Miesskoffer
No dem erfollegräiche Seminairen zum “Energiespueren an ëffentleche Gebaier” huet d’EBL, zesumme mat hirem Energieexpert, ee prakteschen a kompletten Miesskoffer zesummegestallt. Dëse Koffer beinhalt all déi Geräter, déi fir eng éischt an onkomplizéiert Analyse an ärem Gebai néideg sinn an erlaabt soumat Problemer an Schwaachstelle schnell sur place opzedecken.
1 Energie-Miessgerät (Wattmeter)
1 Luxmeter
1 Digitalthermometer (2-Punkt-Laser)
1 IR-Uewerflächenthermometer
1 Datenlogger fir Fiichtegkeet an Temperatur (inkl. Interface fir eng einfach a schnell Ausliesung vun den Daten)
1 Waasserduerchflossmiessbecher
2 Flëssegkeetsthermometer
Den eemoleg ze verriichtende Präis fir d’Lounen vum Miessapparat beleeft sech ob:
Gratis fir Memberen
20 Euro fir Net-Memberen
