News

International “semaine sans pesticides”

Zesumme matt de Partner vun der Campagne “sans pesticides” ass d’EBL momentan an de Préparatioune fir d’semaine sans pesticides. Nierwt enger gréißerer Sensibiliséierungsaktioun fir Privatlait, déi vum MDDI initiéiert gouf, fannen an dëser Woch, déi vum 20. bis 30. März 2015 stattfënnt, och eng ganz Rei Aktivitéite statt. D’Gemengen uechter d’Land kennen och bei dëser Aktiounswoch mattmaachen, andeems si z.B. eng Filmvirféierung organiséieren oder di flott Ausstellung “ouni Pestiziden” bei der EBL fir en Dag ausléinen fir an hierer Gemeng iwwer dat Thema opzeklären.

Méi Informatiounen zum Aktiounsplang (deen iwwer dat ganzt Joër weiderleeft) an iwwer d’Sensibiliséierungscampagne gi Dir an de nächste Wochen op dëser Plaatz gewuer. All interesséiert Gemeng kann sech awer am Virfeld bei eis mëllen, fir dass mir Iech bei der Organisatioun vun Ären Aktivitéiten ënnerstëtze kennen. Enner folgendem Link fannt Dir den offiziellen Opruff.