Eist Matgefill zum Dout vum Staatssekretär Camille Gira
Den onerwaarten Dout vum Camille Gira huet net just e grousst Lach an der Politik an am Ëmweltschutz hannerlooss, mee och d’EBL huet mam Staatssekretär ee vu senge beschte Frënn an e gudden Uspriechpartner verluer.
De Verloscht vum Här Gira huet eis all bei der EBL déif getraff a mir drécken eist déifst an opriichtegt Matgefill aus a wënschen senge Frënn senger Famill vill Courage a Stäerkt an dëser schwéierer Zäit.
Hei fannt Dir den offizielle Communiqué vun der EBL zum Dount vum Camille Gira!