Sammelbestellung Energie-Miesskoffer!
Am Kader vum Projet Energie [light] reloaded, organiséiere mir och dëst Joer erëm eng Sammelbestellung vum Energie- Miesskoffer. Am Koffer fannt dir all déi Geräter, déi fir eng éischt an onkomplizéiert Analyse an ärem Gebai néideg sinn. Dëst erlaabt iech Problemer a Schwaachstelle schnell opdecken ze kënnen.
Inhalt
1 Erklärungsdossier mat praktesche Gebrauchsuweisunge fir all Gerät
1 Energie-Miessgerät (Wattmeter)
1 Luxmeter
1 Digitalthermometer (2-Punkt-Laser)
1 IR-Uewerflächenthermometer
1 Datenlogger fir Fiichtegkeet an Temperatur (inkl. Interface fir eng einfach a schnell Ausliesung vun den Daten)
1 Waasserduerchflossmiessbecher
2 Flëssegkeetsthermometer
Präis
- 1.100 EUR TTC fir EBL-Member mat Sammelbestellung (ab 5 Miersskoffer) & D’Käschten vun der Liwwerung
- 1.300 EUR TTC fir EBL-Member ouni Sammelbestellung & D’Käschten vun der Liwwerung
- 1.500 EUR TTC fir NET-EBL-Member & D’Käschten vun der Liwwerung
Bestellen
Bestellungen huelen mir bis de 05. Mäerz 2018 entgéint.
Fir d’Bestellung oder weider Informatioune mellt Iech w.e.g. ënnert.
info@ebl.lu
Tél: 24 78 68 31
