News

Start vun der “Woch ouni Pestiziden 2016”

Ouni pestiziden-wDéi international “Woch ouni Pestiziden” fënnt 2016 scho fir déi siwent Kéier zu Lëtzebuerg statt an dat wéi all Joer vum 20. bis 30. Mäerz. Nierwt enger Rei un Informatiounsveranstaltunge läit de Fokus vun dëser Woch traditionell op der Sensibiliséierungsaarbecht.

Säit dem 1. Januar 2016 ass d’Benotze vu Planzeschutzmëttel op ëffentleche Fläche verbueden. Dëst bréngt kuerz- an och laangfristeg vill Ännerungen op kommunalem Plang matt sech. Fir dëse positive Ëmschwong ze begleeden an ze vereinfachen, huet d’Campagne “Ouni Pestiziden” eng ganz Rëtsch Projeten 2016 virgesinn.

Aktiounsplang 2016

4 grouss Projetë fir 2016

 

 

  • Pilotprojet fir pestizidfräi, lokal produzéiert Blummen: Zil ass et, eng national Produktioun u pestizidfräie Planzen unzekuerbelen an domatt den urbane Raum komplett vun de chemesche Gëfter ze befreien.

Blumm

  • Kooperatioun tëscht der Campagne an dem INDR: Zil ass et, duerch eng Vernetzung an en aktiven Austausch vu Wëssen de pestizidfräien Ënnerhalt och op Firmeflächen ze promouvéieren. Dementspriechend soll de Pesitzidverzicht sech positiv op d’Beurteelung bei der Vergaab vum ESR-Label (entreprise socialement responsable) auswierken.
INDR
  • Merkblätter a Schëlder fir Gemengen an Entreprisen: Zil ass et, technesch Aarbechtsblieder fir d’Gemenge ze entwéckelen, déi Informatiounen enthale, wéi een op spezifesche Flächen ouni Pestizide schaffe kann. Spontanvegetatioun, Planungselementer, alternative Maschinnen oder gudd Beispiller gi nierwt aneren Iddiën an de Merkblätter behandelt. Eng eenheetlech Beschëlderung soll sensibiliséieren an informéieren, wat geännert huet!
Schëld
  • Aartelëscht fir Saatgutmëschunge matt Wëllplanzen: Zil ass et, Aartelëschten ze promouvéieren, aus deene Saatgutmëschungen zesummegestallt kënne ginn, déi eenheemesch an op eis Standuerter ugepassten Arten enthaalen. Sou soll déi biologesch Villfalt geschützt an den Ënnerhalt laangfristeg reduzéiert ginn.
artenvielfalt

“Woch ouni Pestiziden” – vum 20. – 30. Mäerz 2016

www.ounipestiziden.lu