06/06/2015: Nuetsexkursioun – Déieren an der Nuecht
D’Gemeng Monnerech an de SICONA-Westen invitéieren de 6. Juni 2015 ab 22h00 Auer op eng Nuetsexkursioun: Déieren an der Nuecht.
Bei dëser Exkursioun léiert Dir d’Welt vun de Nuetsdéiere, wéi Flantermais an aner Mamendéiere kennen a kennt de Nuetsvulle bei der Juegd nokucken. Dëss interessant Wanderung gëtt vum Nohaltegkeetsministère ënnerstëtzt.
RDV ass um 22h00 Auer zu Biergem beim Départ auto-pédestre (rue de l’école / rue de la forêt). Denkt dru gutt Schong unzedoën an d’Kleeder dem Wieder unzepassen. D’Aktivitéit dauert ca. 2 Stonnen.
Umelle kann ee sech beim Emweltservice vun der Gemeng (mail: ecologie@mondercange.lu ¦ Tél: 55 05 74 50)