25/03/2016 Gemeinschaftsgäert an der Stad Lëtzebuerg
D’Stad Lëtzebuerg organiséiert de 25. Mäerz 2016 eng Visite vun hiere Gemeinschaftsgäert!
D‘Stad Lëtzebuerg huet 2013 hieren éischte Gemeinschaftsgaart an d‘Liewe geruff an zanterhier klëmmt d‘Nofro no weidere Gäert. Mëttlerweil ginn et schonn 3 Gäert (Bouneweg, Gare/Uewerstad a Lampertsbierg).
Duerch de Projet kënnt et zum Ubau vu pestizidfräiem Geméis a Blummen, ma och zu gudden Noperschaftsbezéiungen tëscht alle Generatiounen a Nationalitéiten. Ee Gemeinschaftsgaart, am Ënnerscheed zu anere Gaardeformen, gëtt vun enger Grupp vu Noperen aus dem selwechte Quartier zesumme beschafft, ënnert ekologesche Kritären. Wat geplanzt gëtt a wat vun Aktivitéiten am Gaart an ausserhalb vum Gaart ënnerholl gëtt, gëtt zesummen decidéiert.
Wann Dir en flotten ekologeschen a soziale Projet wëllt an Ärer Gemeng ëmsetzen, da kommt Iech e puer Iddie maachen a profitéiert vun enger Visite vun engem Gemeinschaftsgaart vun der Stad Lëtzebuerg.
D’Equipe vum Ëmweltdelegéierte freet sech, Iech de Projet virzestellen a soumat direkt op Är Froe reagéieren ze kënnen.
Visite vun engem Gemeinschaftsgaart 25. Mäerz 2016 10h00-12h00
Treffpunkt : rue Nicolas Ries / Limpertsberg
Umeldung (w.e.g.): environnement@vdl.lu ¦ +352 4796–4773