Gemengepinnwand

15/11/2014: Dag vum Bam

D’Gemeng Monnerech invitéiert de 15. November (vu 9h00 – 11h30) op de nationalen “Dag vum Bam”.

Zesumme matt de Responsable vun der Gemeng gi Beem geplanzt a jidderee kann hëllefen.

No der Bamplanzaktioun lued d’Gemeng da nach op e Patt an, bei deem da monter diskutéiert ka ginn. Wee mattmaache well, soll awer ugepasste Schong dobäi hun. RDV ass um 9h00 Auer op der “Duerfplatz” zu Monnerech

Umelle kann ee sech bis den 10. November beim Emweltservice vun der Gemeng (mail: ecologie@mondercange.lu ¦ Tél: 55 05 74 50)

Flyer journée de l'arbre mondercange 2014 recto
Flyer journée de l'arbre mondercange 2014 verso