EBL-Talk “LED an der Bannebeliichtung”
Nodeems d’lescht Joer d’Stroossebeliichtung matt LED en Thema vun engem EBL-Talk war, soll elo iwwer d’LED-Technik am Banneberäich vu Gebäier diskutéiert ginn. An de Gebäier brennt d’Luut oft laang an der Nuet an esouguer oft den Dag iwwer, wann d’Liichtverhältnisser net gutt sinn. Schonn alleng dowéint lount sech d’Ëmklammen op die energiespuerend LED’en. Mee grad do muss oft och op eng gudde Liichtrendement an eng angenehm Liichtfaarw opgepasst ginn.
Wéi am Ausseberäich, muss och dobanne ganz besonnesch op e präzist Zesummepsill vu geegenter Technik a fachmännescher Handhabung opgepasst ginn, wann een d’Viirdeeler vun der LED notze wëll. Opgrond vun den ënnerschiddleche Viiraussetzunge ënnerscheede sech LED’e fir de Banneberäich awer staark vun deene fir dobaussen. Waat op der Strooss fonktionéiert, muss nach laang net am Haus goën! Ee Grond méi fir d’EBL, sech mam Thema “LED an der Bannebeliichtung” ze beschäftegen.
Ënnerthemen:
- Kuerz Aféierung an d’LED-Technik
- Wéieng Ënnerscheeder gëtt et zur Baussebeliichtung?
- Wat sinn d’Vir- a Nodeeler bei der LED-Bannebeliichtung?
- Op wat muss eng Gemeng beim Kaaf, der Installatioun, Wartung a beim Betriib oppassen?
- Wéieng réusséiert Beispiller gëtt et schonn zu Luxemburg?