“Ech kafe clever” – Aktualiséiert Produktlëscht elo online”
Di national Campagne „Ech kafe clever“ informéiert, dass di nei Produktlëscht matt ëmweltfrëndlechem & gesondheetsonschiedlechem Schoul- a Bürosmaterial fir d’Joer 2013/14 elo online ass.
Hei fannt Dir di praktesch SCHOULAKAFSLËSCHT fir auszedrocken an ze verdeelen !
Hei fannt Dir di ganz PRODUKTLËSCHT mat alle Produit’e fir de Büro an Heembedarf !
An dëser Produktlëscht goufen iwwer 1.200 klassesch an am Alldag heefeg benotzte Schoul- a Bürosmaterialie, wéi zum Beispill Bläistëfter, Bic’er, Pabeier, Bléck oder Hefter no strenge Kriterie bäewert. Déi Produit’en, déi eise Critèren entsprieche, goufe sou opgelëscht, dass eng opwänneg Sich no ëmweltfrëndlechen a gesondem Schoul- a Bürosmaterial net méi noutwenneg ass, mee dass een alles propper beieneen huet.
Matt dëser Lëscht kenne SchülerInnen, d’Léierpersonal oder d’Eltere ganz einfach d’Produit’en am Handel fannen, déi eise strenge Gesondheets- an Ëmweltcritèren entspriechen. Dës Critère beinhalten zum Beispill, dass nowuessend oder recycléiert Materialie benotzt ginn oder dass keng gesondheetsschiedlech Inhaltsstoffkonzentratiounen vu Schwéiermetaller oder Léisungsmëttel enthaale sinn.
An deene meeschte Supermarché’en a gréißere Geschäfter am Land sinn dës Produit’e vun eiser Lëscht matt deem hei Label gekennzeechent:
Wéieng Ziler verfollegt d’Campagne?
- Ëmweltfrëndlech & gesondheetsonschiedlech Schoulsaachen a Bürosmaterial ze identifizéieren an d’Notzung dovunner aktiv ze promovéieren, dat sinn d’Ziler vun der Campagne “Ech kafe clever”
- D’Publikatioun vun enger all Joer aktualiséiert Produktlëscht matt ëmweltfrëndlechen a gesondheetsonschiedleche Produit’e fir Büro a Schoul, déi de Läit gratis zur Verfügung gestallt gett
- Objektiv a national eenheetlech Critère festleeën, déi am Ufang vun engem strenge Bewäertungssystem stinn
Ween dréit d’Kampagne „Ech kafe clever“?
- D’Campagne “Ech kafe clever” gouf virun enger Rei Jore vun der Emweltberodung Lëtzebuerg, der SuperDrecksKëscht, Greenpeace, dem Nohaltegkeetsministère, dem Educatiounsministère an dem Gesondheetsministère an d’Liewe geruff.
U wee riicht sech d’Kampagne?
- Schüler & Elteren
- Schoulpersonal
- Bürosläit
- Akafszentralen
- all Intresséierten