Evenementer

Alternativen zum Pestizidasatz an de Gemengen (Theorie)

06/05/2015
09:00 - 12:00
Wou: INAP ¦ 35, rue de Bonnevoie ¦ L-1260 Luxembourg

Méi Natur matt manner Aarbecht

Befestegt Stroosse, Weeër an ëffentlech Plaatze musse net nëmme verschidde Sëcherheetsstandards erfëllen, mee se mussen och nach attraktiv ausgesinn. Dofir ginn hei oft Pestiziden agesaat. Ab 2016 ass dat awer gesetzlech verbueden. Dëse Seminar soll dovir Alternativen opweisen an di theoretesch Grondlage vermëttele fir e pestizidfräien Entretien vu Stroosse, Weeër a Plaatzen. Ganz nom Motto: „Méi Natur matt manner Aarbecht“.

OPGEPASST: Umeldung zu dëser Weiderbildung matt prakteschem Erfahrungsaustausch just iwwer den INAP méiglech

PROGRAMM:

Aféierung

  • Wisou soll een op Pestizide verzichten? Wat sin d’Gefore fir Emwelt a Gesondheet?

Préventioun a Planung

  • Wéieng Planungselementer beugen engem spéidere Pestizidasatz vir?

Alternativ Entretien- a Fleegemethoden

  • Wéieng alternativ Fleegemethode gëtt et fir Stroosse, Weeër a Plaatzen

Toleranz- a Kommunikatiounsstrategien

  • Wéi bréngt een de Bierger déi nei Fleegemethode méi no?

Konkret Uwendungsbeispieler an direkt Austauschméiglechkeet matt Lait vum Terrain! 

Participatiounskäschten:

gratis fir all Gemengenemployé(e) a -beamten