Buedemschutz kommunal
Iwwert de Schutz vun eise Biedem
Buedem ass nierwt der Loft an dem Waasser eent vun den 3 Haaptelementer, déi d’Liewen op eiser Äerd erméiglechen. De Buedem späichert Waasser, et liewen allerhand Déieren dran an drop an de Mensch planzt seng Nahrung an de Buedem. Et ass eise Liewensraum, op deem mir ginn an dee mir bebauen. De Schutz vun dësem liewenswichtege Gut ass dofir vun immens héijer Bedeitung. Dofir hunn di Vereente Natiounen d’Joer 2015 och zum internationale Joer vun de Biedem déclaréiert. Mee grat eis Bautätegkeete stellen e grouße Risiko duer a si fir e Groußdeel vun de Problemer vun eisem Buedem verantwortlech.
De Seminar „Buedemschutz kommunal“ gett en Iwwerbléck iwwert d’Thematik ronderem de Buedem a gett Denkustéiß, wéi een dësen aktiv schütze kann. Zougebaute Flächen erem Entsiggelen a bei neie Bauprojete méiglechst vill Freifläche schon am Virfeld aplangen oder op mannst en duerchlässege Belag virgesinn, dat sin Themen an dësem Seminar. Och d’Reduzéierung vun der Buedembeusprochung während der Bauphase, awer och Schuedstoffer am Buedem oder d’Neophyte-Problematik ginn an dëser Veranstaltung behandelt.
D’Virträg zu dësem Seminar fannt Dir an der Download-Sektioun vun eisem Site!
PROGRAMM:
09h15 Empfang
09h30 Einführung in die Thematik des kommunalen Bodenschutzes
Sophie CAPUS – Umweltverwaltung
09h50 Neophyten auf Baustellen und an Verkehrswegen
Christian RIES – Naturhistorisches Museum
10h15 Bioverfügbarkeit von Schwermetallen
Arno GUTLEB – Forschungszentrum LIST
10h45 Kaffeepause
11h00 Bodenschutz durch gute Planung und bei Bauvorhaben
Michael KLEIN – Garten-, Freiraum-, Landschaftsplanung (gfl-plan)
11h30 Aussicht auf das geplante Bodenschutzgesetz
Sophie CAPUS – Umweltverwaltung
11h50 Fragen & Antworten
12h00 Schluss
Participatiounskäschten:
50 €/Persoun (Normaltarif)
35 €/Persoun (ab 2 Participant‘e pro Gemeng/Institutioun)
20 €/Persoun (fir EBL-Memberen)