“Ëmweltrecht” – Nohalteg Energien
Rechtlech Méiglechkeeten a Perspektive fir erneierbar Energien
Präsentatioun vum Maître Mario di Stefano als pdf zum Download
Präsentatioun vum Här Serge Faber als pdf zum Download
Den Energiesektor huet an de leschte Jorzéngten enorm u Bedeitung gewonne, wat d’Entwécklung vun eisem Land ugeet. Eent vun de Schlësselelementer dobäi ass den Iwwergang vu fossile Brennstoffer zu erneierbaren Energien. Di national Energiepolitik an domatt och di gesetzlech Grondlagen si matt ausschlaggebend, wéi schnell deen Iwwergang sech vollzéie wäert.
Programmer zu Subventiounen a Subsiden oder déi finanziell Ënnerstetzung bei der Emsetzung vu Mesuren zur nohalteger Notzung vun Energieressource si wichteg Schrëtt a Richtung erneierbar Energien. Och Regelungen zur Aspeisung a Notzung vu selwer produzéierter erneierbarer Energie si noutwenneg, genausou wéi technesch Virgaben zum Opriichte vun eenzelne Produktiounseenheeten.
Duerch de Klimapakt kréie Mesuren, déi d’Entwécklung vun erneierbaren Energie förderen zousätzlechen Undriww! Wann di éiergäizeg Ziler, déi d’Land sech a Saachen Energiepolitik a Klimaschutz gesaat huet, sollen erreescht ginn, da kennt ee laangscht eng kohärent gesetzlech Basis net derlaangscht. Mir werfen an dësem Seminar en Aan op daat, wat eis di rechtlech Viirgaben hei am Land momentan virginn. Wat sinn d’Méiglechkeeten a wat d’Contrainten a Saachen erneierbar Energien? Dëst beliichten eis zwee Intervenant’en dëse Moien!

- Wéi eng Marge de Manouvre fir Gemengen ?
Wei wäit kann eng Gemeng bei hiren Prescriptioun am PAG, PAP an am Règlement sur les Bâtisses goen?
Däerf eng Gemeng gewësse Materialien an Installatiounen obligéieren? Welch Verschäerfunge kënnen „en cours de route“ geholl ginn?
- Subside fir Gemenge, Bierger, Wunnengen an Entreprisen
Wei e Spillraum ginn et fir Gemengen, fir vu verschiddene Subside profitéieren ze kennen, respektiv weiderzeginn?
Wei wäit kann eng Gemeng eenzel Projet‘en ënnerstëtzen? Wou erginn sech Limitten?
Wei kenne Public-Private-Partnerships, Energicontracting, etc., konkret um Terrain ugewannt ginn?
D’Seminarrei “Ëmweltrecht” ass eng Kooperatioun vun der EBL matt der Association Luxembourgeoise pour le Droit de l’Environnement (ALDE).
Bei dëser Seminarrei gëtt d’Ëmweltrecht op lëtzebuerger an europäeschem Plang ënnert d’Lupp geholl. Gesetzer si komplex a leider oft schwéier verständlech an di wéinegst wëssen all d’Gesetzer richteg ze interprétéieren an unzewenden. Virun allem am Ëmweltberäich mussen oft verschidde Politikberäicher mateneen verknëppt ginn, wat eng grouß Herausfuerderung ass an oft zu Verwirrung féiert.
D’Seminarrei “Ëmweltrecht” soll opklären an dofir geet et hei drëm, praktescht Wëssen ze vermëttelen fir di komplexe Matière vun der Ëmweltgesetzgebung verstoën ze hëllefen!
Umeldeschluss: 14. November 2014
Orateuren:
Den Mâitre DI Stefano Moyse, Affekot an Member vun der Association Luxembourgeoise pour le Droit de l’Environnement (ALDE), an den Här Serge Faber, Energieexpert an Gérant vun der Firma Convex, ginn zesummen ob déi verschidden Facetten vun dëser Problematik an.
Dauer an Adress vum Seminar:
09h00 – 12h00
4, Place de l’Europe -Bâtiment Alcide de Gasperi – “Heichhaus”
Participatiounskäschten:
50 €/Persoun (Normaletarif)
35 €/Persoun (reduzéirten Tarif fir Membere vun der EBL an der ALDE)
25 €/Persoun (ab 2 Participant‘e pro Gemeng/Institutioun)
Dëst Seminar ass vum INAP unerkannt