Energiespueren a Gebaier I – Ëffentlech Verwaltungen als Energiespuermotor
Nom groussen Interessi vum leschte Joer organiséiere mir och dëst Joer erëm zesumme mam Här Grobecker, onsem Expert vum e&u Energiebüro, 2 Seminairen iwwert d’Energiespueren an ëffentleche Gebaier.
De Cours „Energiespueren a Gebaier I – Ëffentlech Verwaltungen als Energiespuermotor“ soll allen Interesséierten d’Méiglechkeeten opweise, fir an ëffentleche Gebaier Energie ze spueren. Nierwt e puer Grondlagen zum Thema Energie (Verbrauchswäerter, Käschten, Ëmweltimpakt, Monitoring a.s.w.) gi virun allem déi technesch (Beliichtung, elektresch Geräter, Lüftungs- a Klimaanlagen, Hëtztechnik, a.s.w.) a mënschlech Mesuren (Verhaalensännerung) ënnert d’Lupp geholl. De Séminaire viséiert virun allem Conciergen a Leit ouni grouß energietechnesch Virkenntnisser.
OPGEPASST: Umeldung ausschließlech iwwer den INAP méiglech
Programm
Deel 1: Grondlagen Energie
- Wat ass Energie?
- Wee verbraucht wéivill dovunner?
- Ëffentlech Verwaltungen an Energiespueren?
- Energieverbrauch
- Käschtekennwäerter
- Energiemonitoring
Deel 2: Technesch Mesuren
- Stroum: Beliichtung, elektresch Geräter, Lüftungs- und Klimaanlagen
- Wärmt: Hëtztechnik
Deel 3: „Menschlech“ Mesuren
- De Faktor Mensch
- Energiespueren duerch Verhaalensännerung
- „Dru bleiwen“ – Energiespueren däerf keng Dagesméck bleiwen
Participatiounskäschten:
gratis fir all Gemengenemployé(e) a -beamten