Energiespueren a Gebaier II (b) – Opbaucours: Praktesch Uwendungen / Begehung & Miessen
Dëse Cours soll déi erlaangte Kenntnësser aus deenen zwee viiregte Séminairen op eng praktesch Manéier uwendbar maachen.
Heibäi geet et virun allem ëm Miesstechnik a Bewäertung vu Miessresultater. D’Participantë ginn duerch e Gebai, dat sech am normale Betrib befënnt an an deem d’Heizung normal leeft. Dës Begehung an d’Auswäertung vun de Miessunge gëtt zesumme mat eisem Expert vum e&u Energiebüro, dem Här Grobecker gemnaach.
Dëse Séminaire gëtt an Zesummenaarbecht mam Naturpark OUR organiséiert a fënnt och an engem vun hiere Gebaier statt.
D’Participatioun un de Coursen „Energiespueren a Gebaier I“ an “Energiespueren a Gebaier II (a)” ass vu Viirdeel fir dëse Cours.
Dëse Séminaire gëtt vum INAP unerkannt !
OPGEPASST: Umeldung hei ënnen iwwer den Aschreiweformulaire (Plaze si limitéiert – Dir kritt vun eis eng Bestätegung per Mail)!!
Programm
9h00: Aleedung, Erfahrungsaustausch, Aféierung an d’Miessgeräter
10h30: Kaffispaus
10h45: Éischt Begehung & Auswäertung
12h30: Mëttegpaus
13h30: Zweet Begehung & Auswäertung
15h00: Kaffispaus
15h15: Erfahrunsaustausch & Resultater
16h00 Schluss
Participatiounskäschten:
gratis fir all Gemengenemployé(e) a -beamten