Klimapakt konkret – energieeffizienz & erneierbar Energie bei kommunale Gebaier
OPGEPASST: D’UMELDUNG ZU DËSEM SEMINAIRE GEET JUST IWWER DEN INAP, NËT IWER D’SÄIT VUN DER EBL! DE SEMINAIRE HUET DE CODE CO-8106-01. HEI DE LINK…
Déi verschidden Usaatzpunkten an déi aneneegräifend Konzepter bei der Ëmsetzung vum Klimapakt si ganz villseiteg a villschichteg. Fir eng beschtméiglech Ëmsetzung vun de Mesuren aus dem Katalog ëmzesetzen, ass et wichteg, déi kommunal Aktiounen nahtlos an de nationalen an europäeschen zesummenhang ze setzen fir all d’Bëstemmungen ze respektéieren.
Deel 1: Unhand vun enger Präsentatioun vu verschiddene bonnes pratiques aus de lëtzebuerger Gemengen ka ganz konkret iwwer spezifesch an ervirzehiewend Uwendungsbeispiller geschwaat ginn. Duerch d’Expert’en, déi de Seminaire leeden kenne verschidden Schwieregkeeten a Léisungsviirschléi diskutéiert a ganz konkret praktesch Erfahrungen ausgetosch ginn.
Deel 2: D’Ëmsetzung an d’Iwerdroë vun dëse bonnes pratiques unhand vun der Funktiounsweis vum Klimapakt-Mesurekatalog an d’Gewährleeschtung vun de Mesuren opgrond vun der Abëttung an de nationale Planungskontext ginn an dësem zweeten Deel ausführlech behandelt.