Gemengepinnwand

13/06/2015: Kraiderwanderung mam Fernand Schiltz

D’Gemeng Monnerech invitéiert den 13.  Juni 2015 vun 10h00 bis 12h00 Auer op eng flott Kraidertuer.

Wandert matt de Responsable vun der Gemeng a vum Emweltservice duerch d’Natur op der Sich no wëlle Kraider. Ënnert de fachlecher Leedung vum Fernand Schiltz léiert Dir, wéieng wëll Kraider bei eis wuessen, wou een se fënnt a wéi een se gebrauche kann. An enger frëndlecher Ambiance kann ee souguer dat een oder anert gutt Rezept fir eng gutt Wëllkraiderkiche gewuer ginn.

RDV ass um 10h00 Auer um Parking vum FLF-Stadion (Lampecher Strooss). Denkt dru gutt Schong unzedoën an d’Kleeder dem Wieder unzepassen. E klenge Kuerf an eng Schëppchen oder Schéien fir d’Kraider ze sammelen ass och vu Viirdeel. No der Tuer zervéiert d’Gemeng en Éierewäin!

Umelle kann ee sech bis de 15. Mäerz beim Emweltservice vun der Gemeng (mail: ecologie@mondercange.lu ¦ Tél: 55 05 74 50)

Kraider