D’Ministerin huet op eng parlamentaresch Fro vum André Bauler vun der DP geäntwert, wou si erklärt huet, dass ab dem 1. Januar 2016 de Grenzwäert fir d’Feinstaubbelaaschtung vun Holz- a Pelletsheizungen op 30 µg/m³ (Mikrogramm pro Kubikmeter) festgesaat gett. Donierwt huet si betount, dass d’Grenzwäerter fir di allgemeng Belaaschtung matt Feinstaub, déi vun der EU définéiert gin, hei am Land meeschtens agehaale goufen (Ausnahm: punktuell Iwwerschreidunge vum Grenzwäert um “Aldrénger”). Sougenannten Ëmweltzonen an de Stied, wou ee nëmme matt emmissiounsaarmen Autoën däerf erafueren, wéi an aneren europäesche Länner, wären doduerch zu Lëtzebuerg nach nët virgesinn.